D’Transitiounsbeweegung wëll eis Gesellschaft manner ofhängeg maache vu fossillen Energien, méi solidaresch a besser preparéiert op de Klimawandel an alles, wat dee mat sech bréngt. Zu Lëtzebuerg gëtt Transition Town vum CELL (CENTRE FOR ECOLOGICAL LEARNING LUXEMBOURG) gedroen. Et geet der Transitiounsbeweegung dorëms, iwwert konkret Aktiounen ze weisen, dass jiddereen eppes maache kann, sief et andeem ee selwer Geméis ubaut, sech fir alternativ Wirtschaftsformen asetzt, anescht baut a wunnt oder lokal Energie produzéiert.
d’Initiativen
aus dem Film
TM ENERCOOP ass déi éischt Energiekooperativ am Süde vum Land a gouf vun Transition Minett an d’Liewe geruff. Et geet hinnen dorëms, iwwert konkret Projeten zu enger méi grousser Onofhängegkeet bei der Energieversuergung bäizedroen an esou och déi lokal Ekonomien ze stäerken. TM EnerCoop huet 200 Memberen a bedreift 8 Photovoltaikanlagen a 6 Gemengen.
D’INITIATIV „NACHHALTIGKEIT MACHT SCHULE“ ass e wichtegt Element fir de Klimaschutz an de Gemengen an Deel vum Klimapakt. Fir e laangfristege Klimaschutz ass et wichteg, d’Kanner fir Ëmweltthemen ze sensibiliséieren. Iwwert konkret Projeten, wéi zum Beispill am Film d’Konstruktioun vun engem Solar-Dréchenapparat, verstinn d’Kanner déi komplex Zesummenhäng vum Klimawandel a léieren hiert eegent Handelen a Fro ze stellen an ze änneren.
Den ENERGIEPARK RÉIDEN engagéiert sech fir erneierbar Energien an e rationelle Gebrauch vun der Energie. Mat der Zäit sinn nei Strukturen entstanen, wéi zum Beispill Eida S.A. als Liwwerant fir grénge Stroum, ronn 40 Solaranlagen a Form vu Koproprietéiten, e Wandpark a rezent d’Kooperativ Energy Revolt S.C. déi sech als Finanzéierungsorgan fir alternativ Energieprojete versteet.
An der ACKERBAUSCHOUL zu Ettelbréck léieren d’Schüler am Geméisbau och ekologesch an ekonomesch Aspekter vum Beruff kennen. Ënnert anerem gëtt vill Wäert op d’Stäerkten an d’Technike vum Ubau vun eegenem Som fir lokal an traditionell Zorte geluecht.
TERRA S.C. ass den éischte Projet vu solidarescher Landwirtschaft zu Lëtzebuerg. Produzenten a Cliente fannen hei zesummen. TERRA verbënnt traditionell Methode mat neie wëssenschaftlechen Erkenntnisser a schafft no der Method vun der Permakultur. Hei fanne Produktivitéit an Ästhetik zesummen, andeems d’Gläichgewiicht an d’Stabilitéit vun den natierlechen Ökosystemer imitéiert gëtt. Bei TERRA kann een aktiv matmaachen oder sech an Atelieren aschreiwen, an esou selwer léiere wéi Permakultur funktionéiert.
De KAMPF GÉINT D’LIEWENSMËTTELVERSCHWENDUNG ass doheem grad esou wéi an de professionelle Kichen zu engem Thema ginn. De Carlo Sauber bréngt Familljen a sengem Kachstudio an de Schüler am LTB bäi, dass een aus deem wat mir dacks als Offall ugesinn nach vill maache kann.
Bei OUNI, dem Buttek ouni Verpakungen, kritt ee Liewensmëttel, Seefen a vill aner Alldagsprodukter. D’Liwwerante vun OUNI sinn esou wäit et geet lokal Bio-Produzenten oder fair-trade zertifiéiert. OUNI ass eng Kooperativ, dat heescht de Buttek gehéiert senge Memberen a gëtt vun hinne geréiert. Et gëtt och Memberen déi aktiv an de Butteker schaffen.
De BENU VILLAGE ESCH ass eng Struktur, déi op de Prinzippie vun der Zirkularwirtschaft an dem Null-Offall baséiert. Esouguer d’Gebai gëtt dem Usproch gerecht; et besteet aus ausrangéierte Schëffscontaineren, déi mat Leem, Stréi a Woll esou isoléiert goufen, dass se bewunnbar sinn. BENU Couture ass en éischte Projet vum BENU Village Esch. Aus ale Kleeder gëtt hei nei Moud gemaach. Donieft bedreift de Service National de la Jeunesse e Serigraphie-Atelier.
ZIRKULAREKONOMIE heescht, dass scho bei der Konzeptioun vun engem Produkt doru geduecht gëtt, dass et och no sengem Gebrauch net zu Offall gëtt. D’Produkter vun haut sinn an där Logik d’Matière première vu muer, an et geet fir d’Industrie dorëms, esou ze produzéieren, dass sämtlech Ressourcë kënnen einfach an effikass recupéréiert an erëmverwäert ginn.
E REPAIR-CAFÉ ass e lokal organiséierte Reparatur-Atelier, wou all méiglech Saache kënne gefléckt ginn. Benevol Knécheler hëllefen de Leit aus dem Quartier hir Haushaltsapparater, Kleeder, Vëloen, Spillsaachen, Iessgeschier, kleng Miwwelen a vill aner Objeten ze flécken, fir dass se net mussen ewechgehäit ginn. An engem Repair-Café kënnt een zesumme fir ee vun dem aneren ze léieren.
ADHOC ass déi éischt Wunnkooperativ zu Lëtzebuerg. Hiren éischte partizipative Bau- a Wunnprojet gëtt um Kierchbierg realiséiert. Déi Mënschen déi spéider hei wunne wäerten decidéiere villes zesummen, zum Beispill wéi grouss d’Appartementer sinn, wéi se gebaut ginn an och wéi si spéider zesummeliewe wëllen.
En ÄERDSCHËFF ass e Gebai wat keen Uschloss huet, weder un d’Waasser nach un de Kanal, nach un de Stroum oder de Gas. All Ressourcen déi d’Awunner brauchen, solle vum Gebai selwer geliwwert ginn. Reewaasser gëtt gesammelt an opbereet, aus der Sonn gëtt Elektresch an Hëtzt gewonnen, an an engem Deel vum Gebai gëtt esouguer Iesse produzéiert. Gebaut gëtt dat éischt lëtzebuerger Äerdschëff a Form vun engem partizipative Chantier mat zum groussen Deel recuperéiertem Material. Wann d’Äerdschëff bis fäerdeg ass, dann huet Réiden domat en autonoomt, gesond a praktescht Gebai fir d’Fortbildung an d’Weiderentwécklung vun eis all.
D’Julia, d’Majda an de Belkacem schaffen am selwechte Gebai op der Cloche d’Or. Wéi se gemierkt hunn, dass se all Dag ëm déi selwecht Zäit dee selwechte Wee op d’Aarbecht fueren, hu se probéiert dat mat just engem Auto ze maachen a waren direkt begeeschtert. Wann dir wësse wëllt, mat wiem dir iech en Autostrajet deele kënnt, da probéiert emol COPILOTE. Do fanne Mënschen zesummen, déi op bestëmmte Strecken zu bestëmmten Zäiten eng Plaz am Auto fräi hunn oder ee siche wou se matfuere kënnen.
De PEDIBUS fiert net duerch de Quartier fir d’Kanner an d’Schoul ze bréngen, mee hien hëlt se zu Fouss of. Esou ass fir Beweegung an der frëscher Loft gesuergt, an och an de Käpp vun de Schüler a vun den Elteren ännert sech eppes. D’Gemeng Hesper ënnerstëtzt de „Séchere Schoulwee“ nieft dem Pedibus och mat Zonë wou d’Autoe just dierfen 30 Stonnekilometer séier sinn. Pedibusse ginn et ënnert verschiddene Formen och an anere Gemengen.
PROVELO verdeedegt d’Interête vun de Vëlosfuerer vis-à-vis vun der Allgemengheet a vun der Politik. Et geet ProVelo dorëm, dass d’Sécherheet vun de Cyclisten am Stroosseverkéier klëmmt an dass de Vëlo souwuel als Transportmëttel wéi als Fräizäitaktivitéit méi Unerkennung fënnt. ProVelo organiséiert och reegelméisseg Formatioune fir Erwuessener, déi ni Vëlo fuere geléiert hunn.
D’GEMEINWOHLÖKONOMIE wëllt e Wirtschaftsmodell schafen, wou den éischte But fir eng Entreprise net d’Maximéierung vum finanzielle Gewënn ass, mee wou d’Mënschen an d’Ëmwelt am Mëttelpunkt stinn. Souwuel d’Mataarbechter wéi och d’Liwweranten an d’Cliente solle respektvoll behandelt ginn. Zu Lëtzebuerg ass den Oikopolis-Grupp (Biog, Naturata a Biogros) déi éischt Firma, déi sech de Reegelen an Ziler vun der Gemeinwohlökonomie verflicht huet.
D’Grondiddi vum BEKI ass et, d’Kafkraaft un de Kanton Réiden ze bannen an esou de regionalen Handel op eng nohalteg Manéier ze stäerken. Mee de Beki gesäit sech virun allem och als Prototyp vun enger Wärung, déi eenzeg an eleng als Tauschmëttel geduecht ass, an net de Kapitalismus ënnerstëtzt. Well kapitalistesch Geldsystemer sinn op e permanente Wirtschaftswuesstem ugewisen an doduerch Grond fir vill ekologesch a sozial Problemer.
De 15. Mäerz 2019 war zu Lëtzebuerg, esou wéi op ville Plazen op der Welt, den éischte Schüler-Klimastreik. Well si iwwerzeegt sinn, dass d’Politiker net konsequent genuch handelen, hunn d’Membere vum Kollektiv „ YOUTH FOR CLIMATE LUXEMBOURG “ decidéiert, d’Bierger ze mobiliséiere fir zesumme géint de Klimawandel ze kämpfen.